Mir machen eist Bescht fir Iech op eiser Internetsäit esou komplett wei méiglech ze informéieren.

Dowéinst hu mir hei oft gestallte Froën mat den Äntwerten opgelëscht.


Sollt Aer Fro net derbäi sin, zéckt net a ruft eis un um 26 102 903, scheckt e Mail op info@gotrade.lu oder klickt op der Internetsäit op Kontakt.

 

Fro zum Service:


Ass et méiglech, Iech och ausserhalb vun den Öffnungszäiten ze erreechen,wann et emol dréngend wär?


Äntwert:

Natierlech stinn mir Iech och da gäeren mat Rot an Dot zur Säit. Sollt Dir um 26 102 903 keen erreechen, sti mir fir dréngend- a Noutfäll um 621 166 786 zur Verfügung.


Froen zum Verkaf:


Kann ech bei der Gotrade och e Rendez-vous kréien ?

 

Äntwert:

Natierlech geet dat um 26 102 903

                          

Kann een bei der Gotrade och Coupen gesin an upaken oder verkaft Dir op Katalog? 

 

Äntwert:

Mir hun e groussen Austellungsraum mat ca. 1500 Stécker am Coupeberäich an 120 Stéck am Medailleberäich.


Huet Gotrade nëmmen déi ausgestallten Artikelen op Lager?

 

Äntwert:

Nierft den Ausstellungsstécker hu mir och nach e grousst Lager aus deem mir Iech mat klengen a grousse Quantitéiten kënnen weiderhëllefen.


Wei laang ass d'Liwerzäit fir Coupen, Medaillen a Gravuren?

 

Äntwert:

Alles wat mir hei bei eis op Lager hun, kënne mir Iech inklusiv Gravur an 1 bis 2 Deeg zur Verfügung stellen. Fir Artikelen déi musse bestallt gin, muss je no Hirsteller mat 1-2 Woche gerechent gin. Eenzelstécker oder Gravuren kënnen am Normalfall den selwechten Dag ofgeholl gin.